Zehnkampf-Tournoi ze Dikrech

Zehnkampf-Tournoi dee bei eis zu Dikrech am Internat organiséiert gouf. Eise Stagiaire Luca huet do ee flotte Projet op d’Bee gestallt. 26 vun eise Schüler/Innen an 8 aus dem Internat St. Anne hunn do op 12 verschidde Statioune konnten hier sportlech Talenter ënner Beweis stellen.