Déi 4. Kéier huet Dikrecher Internat zesumme mam Zentrum fir politesch Bildung ee Kinomëtten am Kader vum Holocaust Remembrance Day organiséiert.
Méi wei 50 Schüler aus 5 verschiddenen Internater hunn sech dëst Joer de Film „Führer und Verführer“ am Ciné Scala ugekuckt. Uschléissend huet de Gilles Nowikov Schüler duerch eng flott Diskussiounsronn begleet.
Ee grousse Merci un den Zentrum fir politesch Bildung an un de Ciné Scala fir des flott Zesummenaarbecht.

