Table Ronde fir Jonker – mat jonke Politiker vun ënnerschiddleche Parteien

De 26.09.23 huet d’Internat Jos Schmit vun Dikrech an Zesummenaarbecht mam «Jugendrot» eng table ronde organiséiert, bei där Jonk Leit aus der Nordstadt-Géigend d’Geleeënheet haten jonke Kandidat*inne vun ënnerschiddlechen Parteie Froen ze stellen resp. hier Gedanken an Ideeën zu aktuellen gesellschaftlech relevanten Themen matzedeelen. Aacht Parteien (all eenzel Partei hat eng Invitatioun kritt)  haten d’Aluedung vum Internat Jos Schmit ugeholl, a jeeweils ee Kandidat resp. Kandidatin déi sech fir d’Chamberwalen opsetzt op Dikrech geschéckt, fir de jonke Leit Ried an Äntwert ze stoen. Et wäerten ca. 100 jonk Leit un der table ronde deelgeholl hunn, déi vill Froen zu Themaen wéi nohalteg Entwécklung, Ëmweltschutz oder och zur Bildung haten. Den Zentrum fir politesch Bildung huet dovu profitéiert, hiren intressanten Internet-Site (https://2023.smartwielen.lu) virzestellen, deen et de jonke Leit erlabt iwwert hir eege politesch Usiichten nozedenken a méi iwwert d’Usiichten a Programmer vun de Parteien a Kandidat*inne gewuer ze ginn. No der table ronde haten déi jonk Leit d’Geleeënheet bei engem Patt de Kontakt zu de Politiker ze sichen an nach an Eenzelgespréicher verschidde Froen ze klären.


,