fr

Mäin Alldag

Moies ginn ech um 6.45 Auer vun engem Erzéier erwächt. Esou bal ech opgestane sinn, muss ech mäi Gesiicht a meng Zänn wäschen a mech undoen, dofir hunn ech 15 Minutten Zäit.

Um 7 Auer schellt et fir erof frühstücken ze goen. Ech freeë mech op all déi léckee Saachen déi mir moies kréien. Heinsdo richen ech lecker Croissanten, déi den Alain, eise Kach, moies fréi frësch gebak huet. Mir kréie Schocki, Gebees, Kéis oder Charcuterie. Heinsdo kréie mir och Nutella. An der Woch kréie mir och verschidde Kelloggszorten.

Géint 7.30 Auer musse mir eisen Dësch ofraumen a botzen. Dono gi mir an de Vestiaire fir eis Schong an eis Jacket unzedoen an da stelle mir eis an eng Rei fir an d’Schoul ze goen. Ech gi mat deene Klénge mat, déi gi mat engem Erzéier an d’Schoul. Déi Grouss vum Cycle 3 a 4 dierfen alléng an d’Schoul goen.

Vun 8 bis 12 Auer si mir an der Schoul. Entweder geet een op Feelen an d’Schoul, do fiert ee moes mat engem grousse Bus an d’Schoul oder et fiert een op Groussbus an d’Schoul, do kënnt ëmmer e klenge Bus d’Kanner ofhuelen an wann een zu Mäerzeg an d’Schoul geet, da gi mir zu Fouss. Heinsdo géing ech och gaer mam Bus matfueren, do ass et am Wanter méi waarm :-)

Um 12 Auer komme mir aus der Schoul a ginn nees mat engem Erzéier an d’Internat. Ech freeë mech ëmmer fir dann ze entdecken wat mir leckeres z’iesse kréien. Eise Kach den Alain kacht ganz lecker. Wa mir am Internat ukomm sinn, di mir eis Schong an eis Jacket aus. Ech ginn dann nach séier op Toilette a meng Hänn wäschen an da ginn ech an den Iesssall. Do hängt de Menu aus. Mir kréien all zweeten Dag eng Zopp an Zalotebuffet.

Nom Iesse gi mir an eis Kummer eis Zänn wäschen a waarden dann an eiser Kummer bis et schellt. Ech passen gutt op fir ze lauschtere wann et schellt, well dann hu mir Fräizäit bis mir an d’Schoul ginn (wa mir zwee Mol Schoul hunn). Wann d’Wieder gutt ass, da ginn ech eraus. Do kann ech mat menge Kollege Fussball spillen, op der Spillplaz klammen mam Gokart oder mat engem Velo fueren oder einfach nëmmen um Lümmelblatt chillen.
Géint 13.45 Auer maache mir eis nees faerdeg fir an d’Schoul.

Wa mir Mëttes keng Schoul hunn, da gi mir um 14 Auer an d’Etude. Dat ass déi Zäit déi ech net esou gaer hunn, well mir do eis Aufgabe maachen. Wann ech awer bis am gaange si mat schaffen, dann ass et awer ok. Den Erzéier hëlleft mir wann ech mat mengen Aufgaben net eens ginn oder hie léiert mat mit fir meng Tester. Wann ech gutt geschafft hunn, da widderhuelen ech nach meg Vokabelen oder liesen e Buch. Wa mir wëllekréie mir och e Rätsel fir ze léisen.

Dënschdes an Donneschdes no der Etude hu mir nach 1 an 1/2 Stonn Fräizäit. Wann Wieder gutt ass ginn ech eraus, awer wann et reent da sinn ech léiwer an der Stuff. Do kann ech Billard spillen, molen oder mat menge Kollegen e Gesellschaftsspill spillen. Mir hunn och en Autoseck an e Kicker.

Um 16 Auer stärke mir eis mat engem leckere Stéck Kuch, deen den Alain gebak huet oder mat Jogurt. Et steet och Uebst do, wou mir eis dierfen zervéieren. Mir hunn esouguer eng Epicerie am Internat, déi dënschdes an donneschdes ophuet. Do kënne mir eis lecker Séissegkeete vun eisem Täschegeld kafen :-)

Um 17 Auer schellt et nees. Dat ass d’Zeeche fir dass mir Aktivitéit hunn. Mir kënnen eis dënschdes an donneschdes an eng Aktivitéit aschreiwen. Meeschtens gi Bastel-, Sports-, oder Spillaktivitéiten ugebueden. Mir hunn och eng Playstation an da maache mir heinso e Fifaturnéier :-) Heiansdo gëtt och e Quiz ugebueden.

D’Aktivitéit dauert bis 18.30 Auer. Da gi mir nees an den Iesssall fir eppes zu Owes z’iessen. Den Alain kacht eis zwee Mol an der Woch eppes Waarmes fir z’iessen. Heinsdo kréie mir Chicken Nuggets, Pizza, Croque Monsieur oder Nuddelen. Am meeschte freeën ech mech op d’Pizza. Déi aner Owender kréie mir Nuddelszalo oder gréng Zalot a Schmieren.

Nom Iesse gi mir op eis Kummer fir eis Zänn ze wäschen an de Pyjama unzedoen. Dënschdes an donneschdes gi mir duschen an dono gi mir an d’Stuff oder mir dierfe bei eise Kolleg an d’Kummer. Do dierfe mir Nintendo spille, wa mir ee vun Doheem matbruecht hunn.

Méindes a mëttwochs gi mir an d’Stuff wou mir e Film kucke bis mir schlofe ginn. Wa mir an eiser Kummer sinn, da kënnt den Erzéier eis nach Tape ginn, dat ass eist Ritual fir Nuecht ze soen. All Kand kritt eng Tape an da gëtt d’Lucht. No engem laangen Dag sinn ech ëmmer frou fir a mäi Bett.

Ech freeë mech am meeschten op d’Fräizäit an op d’Aktivitéiten, well mir do flott Saache maachen.

4. Dezember 2018