fr

Fräizäit

Wéini ass Fräizäit?

All Dag nom Mëttegiessen hunn d’Kanner Fräispill. Si kënnen entscheeden, ob se léiwer eraus spille ginn oder an d’Stuff chille ginn.
Méindes a mëttwochs ass Fräizäit vu 16.15 Auer bis 17 Auer.
Dënschdes an donneschdes ass vun 15.45 Auer bis 17 Auer Fräizäit.

Wéi kann ech meng Fräizäit gestalten?

Dobaussen hunn se Vëloen, Kickboards a Gokarten zur Verfügung. E Sportschaf mat Bäll, Sprangseeler, Diabolo, Devilsticks an anert Material steet och dobaussen.

Eise grousse Fussballsterrain
Eis Spillplaz

Och dobanne ginn et vill Méiglechkeeten sech an der Stuff ze beschäftegen

Eise roude Fernseheck
Eise schéine bloe Billardsdësch

Puzzle-Féiwer
Autoseck

4. Dezember 2018