fr

D’Internat stellt sech vir

Wëllkomm am Internat Ste Marie

Am Internat Ste Marie hu mir Plaz fir 36 Jongen a Meedercher vu 6-12 Joer. D’Kanner besichen d’Primärschoul an de Gemenge Mäerzeg, Feelen a Groussbus.

Wéini ass d’Internat op?
D’Internat mécht seng Diere sonndes owes ab 18 Auer op a mécht se nees freides tëschent 18 an 19 Auer zou.

Infrastruktur
E grousse Fussballs- a Basketballterrain, eng Spillplaz an e groussen Haff bidden de Kanner vill Plaz a Méiglechkeeten sech auszetoben. Ausserdeem kënne mir d’Sportshal, déi net wäit ewech vum Internat ass, donneschdes mëttes benotzen.
D’Kanner schlofen an 1-2 Bettzëmmer. D’Internat huet separat Eenzelduschen an Toiletten op all Stack.

Mir leeë Wäert op häerzlech Betreiung a Klenggruppen
D’Kanner ginn dem Alter a Klenggruppe betreit. An engem Grupp sinn 8-10 Kanner. All Grupp gëtt vun engem Erzéier begleet, dem Referenzerzéier. Zesumme mam Referenzerzéier gëtt an d’Fräizäit geplangt an an der Etüd geléiert. De Referenzerzéier ass och den Elteren hiren Uspriechpartner.

Eng kloer Struktur gëtt de Kanner Sécherheet
E kloren Wochen- an Dagesoflaf ginn de Kanner Sécherheet sollen hinnen den Alldag méi vereinfachen. Déi kloer Struktur soll d’Kanner bei hirer perséinlecher Entwécklung ënnerstëtzen. De respektvollen Ëmgang ënnertenee gëtt vun den Erzéier an der Psychologin gefördert.

Léieren a förderen
An deenen 90 Minutten Etüd hunn d’Kanner d’Méiglechkeet hir Hausaufgaben ze schreiwen, sech op Tester virzebereeden a schoulesch Schwieregkeeten opzeschaffen. Dobäi gëtt all Grupp vun 1-2 Erzéier betreit.
D’Zesummenaarbecht mat der Schoul ass eis ganz wichteg esou dass och e reegelméissegen Austausch mat Schoulpersonal stattfënnt.

Zesummenaarbecht mat den Elteren
Team vum Internat Ste Marie leet ganz vill Wäert op eng gutt Zesummenaarbecht mat den Elteren, wat eng Grondlag fir eng positiv Fërderung fir d’Kand ass. All Freideg kréien d’Elteren e kuerze Bericht (Wocheplang), wéi d’Woch mam Kand verlaf ass. Ee reegelméissegen Austausch mat den Elteren soll domat assuréiert ginn. Et ass och méiglech e Gespréich mat der Psychologin ze froen, fir och do Informatiounen iwwert dem Kand seng Entwécklung am Internat ze kréien.

Fräizäitaktivitéiten a Spaass
D’Ziel vun den 90 minütteche Fräizäitaktivitéiten ass, dass d’Kanner Spaass hunn, laachen a sech austoben. Aktivitéite sinn jeeweils dënschdes an donneschdes vun 17 bis 18.30 Auer. Mir bidden e Ofwiesslungsräiche Programm, wou Kreativitéit, Sport a Beweegung an Iwwerleeën net ze kuerz kommen. An de Kannerversammlunge kënnen d’Kanner Virschléi fir Aktivitéite maachen.

4. Dezember 2018