fr

d’Aarbecht vun eiser Psychologin

Am Internat Sainte Marie gëtt et och eng Psychologin. Hatt heescht Julia. Seng Haaptaufgab ass et, gemeinsam mat den Educateuren, nom Wuelbefannen vun all den Kanner ze kucken. Heiansdo kann et sinn, dass een Kand sech bëssi traureg oder rosen fillt, eng Sträitsituatioun erlieft huet, doheem, am Internat oder an der Schoul eppes net esou einfach war oder einfach een brauch deen him nolauschtert. An deenen Momenter kann een bei d’Julia luussen goen, an dann gëtt gemeinsam gekuckt fir eng Léisung ze fannen. All Kand aus dem Internat huet d’Recht, bei d’Julia ze goen.
Och d’Elteren kennen sech ëmmer beim Julia mëllen, falls si mol Froen hunn oder schwiereg Situatiounen mat hiren Kanner erlieft hunn.

5. Dezember 2018