Abléck an d’Joer 2018-2019

Wat alles lescht Joer am Internat lass war gesidd Dir op dëser Säit

Ee grousse MERCI u KOLPING FEELEN

Ob an den Aktivitéiten oder an der Fräizäit gëlt ZESUMME SPAASS HUNN!

Eng fest Traditioun am Internat Ste Marie ass eist Fréijoersfest. Fir Famill a Frënn gëtt e flotte Programm gebueden. Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt.
Falls Dir elo Loscht op méi kritt, sidd Dir häerzlech fir 2020 agelueden!

Am Internat ginn de Kanner hir Gebuertsdeeg, mat engem leckere Kuch vum Alain, gefeiert.
HAPPY BIRTHDAY!

Hei ass just e klengen Deel vu flotten Aktivitéiten, déi mir am Laf vum Joer organiséieren.

Wéi all Joer, huelen d’Kanner aus dem Internat fir d’Fuesend un engem Rallye deel. Hei kënne si sech verkleeden an a klenge Gruppen u verschiddene Spiller deel huelen.

Och dëst Joer konnten d’Kanner aus dem Internet an hire flotte Verkleedungen um Halloween Rallye deelhuelen. Fir Spill a Spaass gouf beschtens gesuergt.

Den 30. November war de Kleesche mat sengem schwaarze Gesell am Internat Ste Marie op Besuch.

Mat vill Spaass a Konzentratioun um Äis
Internat Sainte Marie 2018